D'Schülerparmalent op der Gemeng Koplëscht



Méinden Nomëtten, den 09.03, ware mir mam Schülerparlament d’Gemeng zu Koplëscht besichen. Den Här Weicker huet eis virum Gebai empfaang an jiddwerengem ganz formell d’Hand gi fir sech virzestellen.

Duerno si mir an den Hochzäitssall gaangen, wou den Här Weicker eis puer Infos iwwer d’Demokratie an de Mariage Civil ginn huet.

Am Sall vun de Gemengerotssëtzungen hunn d’Kanner dierfe Plaatz huelen. D’Iddi war et, hinnen eis Gemeng mat Hëllef vun enger Power-Point Präsentatioun virzestellen an méi nozebréngen.

Si haten allerdéngs souvill interessant Froen, dass den Här Weicker bal net dozou komm ass. Ganz ausféierlech an transparent huet hien eis op Budgetsfroen, Froen zu Chantier’en, zum Gemengepersonal ... geäntwert.

Bei engem Patt an engem Stéck Schockela, konnten d’Kanner zum Schluss nach hir Virschléi fir d’Gemeng erklären.