
Dräikinnegsdag
De 6. Januar ass Dräikinnegsdag.
Fir den Dräikinneksdag ze feieren, deelt een e sougenannten Dräikinnekskuch, e Kuch aus Bliederdeeg, deen traditionell mat Frangipane, enger Mandelcrème, gefëllt ass. Am Kuch verstoppt sech eng kleng Figur, déi Boun genannt gëtt.
Hautdesdaags ass dat meeschtens eng Porzeläinsfigur. Wien se a sengem Stéck fënnt, ass de Kinnek oder d'Kinnigin vum Dag a kritt eng Kroun aus Kartong, déi et beim Kuch dobäi gett.