Wir werden die Unterstützung für Ihren Browser nach und nach abbauen.
Um alle Funktionen dieser Webseite optimal nutzen zu können, empfiehlt EducDesign Ihnen, auf die aktuelle Version eines dieser Browser aufzurüsten.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
Home > wiki > gruen_macht_schule > index
spacer pixel

Du bas hei: Home > wiki > gruen_macht_schule > index



Pfad: http://www.kopstalschoulen.lu/resources/wiki/gruen_macht_schule/index.shtml

E Schoulhaff voller Liewen

image
 

Hei ass d'Säit vum Projet "E SCHOULHAFF VOLLER LIEWEN"

d'Säit vun DENGEM Schoulhaff

image
 
Am Summer ass am Schoulhaff geschafft gin. Bei der Rutschbahn ass ungefang gin den Hiwwel ze amenagéieren. Ronderem sin helze Péil gesat gin a grouss Steng getesselt gin. Elo muss just nach d'Trap fir op d'Rutschbahn erop gemeet gin. Et ass och geplangt fir e "Schläichwee" iwert den Hiwwel ze maachen. Da brauchen d'Kanner den Tour iwer den Trottoir net méi ze maachen.

Eise grousse Steenkrees ass och faerdeg. D'Steng sin aus Däitschland komm a weien méi wi 500 kg d'Stéck De Service technique vun der Gemeng an de SIGL hunn dun de Krees gebaut. De Krees ass esou grouss, dass zwou Klassen gudd Plaz hunn.

Elo am Hierscht hun e puer Klassen Planzen an dat Beet bei der Salle poly. gesaat. Mir kréien vun der Gemeng nach grouss Holzbléck (esou wi der zu Koplescht am Kulturhaus stin) fir dohinner. Mir molen och nach iwer de Wanter grouss Totemen fir dohinner. Dësen Eck ass dann eng "Rou- a Raschtplaz".
image
 
image
 
Den 11. November waren mer den Scholhaff vun Roodt-Syre kucken


image
 
image
 So könnte unser Schulhof in nächster Zukunft aussehen ...
20060427_untitled_001.jpg20060427_untitled_002.jpg20060427_untitled_003.jpg20060427_untitled_004.jpg
20060427_untitled_005.jpg20060427_untitled_006.jpg20060427_untitled_007.jpg20060427_untitled_008.jpg
20060427_untitled_009.jpg20060427_untitled_010.jpg20060427_untitled_011.jpg20060427_untitled_012.jpg
20060427_untitled_013.jpg20060427_untitled_014.jpg20060427_untitled_015.jpg
image
 Wir verschönern die ganze Welt ... fangen aber mit dem Schulhof an
Mir hun waiss Farw, e puer Pinselen, fleisseg Usträicher ... a lass

image
 Och am Schouljoer 2005-2006 get an eisem Schoulhaff geschafft.
Fir datt 2006 d'WM kann hei um Briddel ofgehaalen gin, treffen mir elo schons eis Préparatiounen ... den Terrain get agezeechent!
Dofir brauch een :
Waiss Farw
Pinselen
e grousse Lineal oder e Meter oder eng Schnouer
an e puer Usträicher
Wéi molen ech mir e Fussballsterrain ...

20051004_feld_001.jpg20051004_feld_002.jpg20051004_feld_003.jpg20051004_feld_004.jpg
20051004_feld_005.jpg20051004_feld_006.jpg20051004_feld_007.jpg20051004_feld_008.jpg
Eis nei Rutschbahn ass do!

image
 E Schoulhaff voller Liewen
ass den neie Numm fir desen Projet.
Déi flott Idee fir dem GMS en
lëtzebuergeschen Numm ze gin
koum vum Luss Anen.
Aktuell Aktiounen!

Grouss Ausstellung an der Salle Polyvalente

image
 D'läscht Woch wor den Donneschden an de Freiden wéi versprach d`Ausstellung vun de Maquette vun all de Kanner déi zënter Méint mat vill Fläiss a Kréativitéit un hire Modeller gebastelt hun. D`Resultat léisst sech méi wéi weisen.

Fir den Ament si mer amgaang d`Iebessen nach ze zielen (d'Kanner hu jo all konnte mat 5 Iebessen 5 Projetën hier Stëmm gin!)

D'Fotoen an déi Projetën déi vun de Kanner zréckbehal gi sin, publizéire mer geschwënn op deser Säit!
D`Gebuert vum Projet

image
 

An eisem Schoulparlament läscht Joër hu mir zesumme mat all den Déléguéën décidéiert, eise Schoulhaff méi flott a méi kannergerecht ze gestalten. Dorops hin hu mer Kontakt mat der Mme Kuhl vu Berlin ( Gruen macht Schule) opgeholl, déi eis am Januar 2004, a Präsens vun der Gemeng an der Eltrenvereenegung e flotte Virtrag gehaalen huet, wéi een Embau an Neigestaltung vun engem Schoulhaff kann emgesat ginn.
Wat ass am Joer 2003-2004 gelaf?

Via Froebou hun all Kanner aus der Gemeng ee Questionnaire ausgefëllt:

1. Wat hues de an der Paus gemaach, gespillt? ( LINK: Unser neuer Schulhof)
2. Wat géifs de gäere maachen? ( LINK: idem)
3. Wat géifs de der an eise Schoulhaf wënschen? ( LINK: Bestandsaufnahme)
4. Op wéi enge Plazen am Haff häls de dech op? ( LINK: Skizze)
Wat hu mer eis an desem Joer virgeholl?

Fir den Ament bastelen d`Kanner a klenge Gruppen u Maquetten, wou sie probéieren hier präzis Idee ( Z. B. Rutschbahn, Klettergerüst, ...) dräidimensional duerzestellen. Dës Maquette ginn donneschdes de 27.01 a freides den 28.01.05 an der Salle Poly ausgestallt. Da sollen d'Kanner och ofstëmmen wat fir Projeen hinnen am Bëschten gefaalen.
(mir halen iech au courant!).
Mat deenen zréckbehalenen Ideeën gëtt Kontakt mat engem/enger Landschaftsgestalter(in) opgeholl, an et gëtt gekuckt, waat ze réaliséieren ass, a wat net.

Donneschdes, de 17. Februar gin dann déi ausgewielte Projetën offiziell virgestallt.

Weider Aktivitéiten am Laf vum Joer :

Kolibrispezial zum Thema Schoulhaffverschéinerung

Sponsorenlaf fir d'Kanner ( dat si och finanziell eppes bäidroë kënnen )
(mir halen iech au courant!).

Am Fréijoer 2005 fänke mer dann un, wou fir 't éischt emol e ganz bestëmmten Deel vum Haff aménageiert wäert ginn.
image
> download 'Bestandsaufnahme.xls' [ 21 kb ]
image
> download 'Skizze.ppt' [ 35 kb ]
image
> download 'Auswertung.xls' [ 21 kb ]
image
 Mir géingen et flott fannen, wa mir een méi originellen Numm wéi "Grün Macht Schule" fir eise Projet hätten.
Wann s du eng gudd Idee hues, da m@il se rann. Gëtt deng Propose geholl, kriss de ee klenge Bonus ...

Mir hun elo e neie Numm fonnt: E Schoulhaff voller Liewen ...

Merci fir all Proposen déi dir rann gin hutt.
invitatioun

image
 Hallo hei sin ech erem ...
Wann der mech op der Ausstellung vun eise Maquetten wellt gesinn, dann kommt
Donneschdes den 27.01.05 (17.00 - 19.00)
Freides den 28.01.05 (12.00 - 14.00)
op de Bridel an d'Salle Poly


    Zuletzt geändert von misch@admin ( 30/11/2007 @ 09:52:25 )
    19954 Besucher in diesem Projekt seit dem 11/10/2004, 14498 Besucher auf dieser Seite seit dem 11/10/2004
    [ www.kopstalschoulen.lu | wiki | gruen_macht_schule | Rückmeldung | drucken | mailen | bearbeiten ]





    home | sitemap | print version | feedback and bug reports
    last site update: 04/09/2010 @ 09:00:03 | visitors: 190341


    olefa

    Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Kopstal